Schoulsportswoch
Let the games begin !
Haut ass Optakt vun der Schoulsportswoch am Kader vun den Olympischen Spiller ⛹️
Let the games begin !
Haut ass Optakt vun der Schoulsportswoch am Kader vun den Olympischen Spiller ⛹️
Cette nouvelle série de 6 vidéos interactifs est destinée aux familles et au personnel enseignant et éducatif encadrant des enfants de 6 à 9 ans.
Elle permet de transmettre aux enfants de manière ludique 6 messages clés lié à la sécurité en ligne. Compte tenu du format de cette ressource et afin d'encourager une discussion constructive, nous conseillons vivement aux enfants de regarder les vidéos accompagnés par un adulte.
Hutt Dir muer de Mëtteg nach näischt wëlles? Da profitéiert mat Ärer Famill vum oppenen Nomëtteg op der YEP!-Schoulfoire! Diere si vu 14:00 bis 19:00 Auer fir Iech op. D’Entrée ass gratis! Entdeckt d’Highlights vum Dag!
Rien de prévu demain après-midi ? C’est l’occasion parfaite pour explorer la YEP ! Schoulfoire en famille. Les portes seront ouvertes de 14 h à 19 h pour vous accueillir. Entrée gratuite ! Découvrez les moments forts de la journée !
Any plans for tomorrow afternoon? It is the perfect opportunity to explore the YEP! Schoulfoire with your family. Our doors are open from 2 p.m. to 7 p.m. The entrance is for free! Discover the day’s highlights!
Tem planos para amanhã à tarde? É a oportunidade perfeita para explorar a YEP! Schoulfoire com a sua família. As nossas portas estão abertas das 14:00 às 19:00 horas. A entrada é gratuita! Descubra os destaques do dia!
➡️ https://schoulfoire.lu/programm/
Kietscht: Et gehéiert schon säit Joeren zur schéiner Traditioun fir den Chrëschtmaart vun der Kietschter Schoul zesummen mat der Maison Relais ze organiséieren. Den Erléis vun desem Event kennt wi all Joer enger gudder Saach zugutt. Am Kader vun enger Scheckiwerreechung am Hall vun der Zentralschoul, war et de Paul Hermes, den als President vun der Schoul sämtlichem Personal , der Gemeng, Elteren mat de Kanner villmols Merci gesoot huet fir hirt kommen an hirt Engagement, esou dat de Chrëschtmaart och e vollen Erfolleg konnt gin. Fir de Scheck vun 8 000 Euro huet d’Line Jacoby sech ganz häerzlich bedankt, den der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf Miersch zugut könnt. Dess Suen gin ganz wirkungsvoll agesaat, fir di véier pädagogisch Projeten am Kannerduerf och finanziell ze ënnerstëtzen fir de Kanner weiderhin och nach vill Freed ze schenken. (CR) (Foto: Charles Reiser)
Kommt a verbréngt e puer flott Stonnen an enger schéiner chrëschtlescher Stëmmung, afreet iech u ville, schéine, gebastelte Saachen vun onse Kanner :-)
Lauschtert de Concert vum Schoulorchester um 16h30
Fir Iessen an Drénken ass gesuergt, de gesamten Erléis ass fir e gudden Zweck
Geschwënn ass et nees souwäit :
Kietschter Schoulfest (dësst Joër ënnert dem Motto "Kiermes zu Kietscht" )
Fréides, den 7ten Juli 2023
Vum 19. Mee bis den 26. Mee war fir d Kanner aus onser Schoul Schoulsportsdag. All Dag war an engem aaneren Cycle Schoulsportsdag ♂️♀️
Merci un all déi ënnerschiddlech Veräiner, déi onsen Kanner déi ënnerschiddlech Sportarten méi no bruecht hunn,
hei e puer Andréck
No puer Joer Paus, gouf de leschten Dezember an der Kietschter Schoul rëm e grousse Chrëschtmaart organiséiert. An der Zesummenaarbicht tëscht dem Léierpersonal, der Maison relais, der Crèche, der Kantin an de Gemengenaarbichter an mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Rammerich, goufen de Kanner hir Bastelaarbichten, wéi och Iessen a Gedrénks fir de gudden Zweck verkaaft. Bei der passender musikalescher Ënnermolung vum Schoulorchester, konnten d’Leit e puer gemittlich Stonnen am Schoulhaff mateneen verbréngen.
D’Editioun vum Chrëschtmaart 2022 war e volle Succès an esou konnt den 10. Mee e Scheck vun 8000€ un „Autisme Luxembourg asbl“ iwwerreecht ginn. Den Direkter vun „Autisme Luxembourg asbl“, den Här Marc De Geest, ass dofir op Kietscht an d’Schoul komm fir déi eenzel Zenteren, wou déi Leit mat Autismus betreit ginn, virzestellen. No der Presentatioun vun deenen villfältegen Aarbichten, déi hir Leit an deenen spezialiséierten Atelieren kënnen ausféieren, huet den Här De Geest sech beandrockt gewisen vun dëser remarkabeler Zomm an huet, am Numm vun hirer Associatioun, seng Unerkennung a säin Dank fir dëse wonnerbaren Geste ausgedréckt.
(Text: Paul Hermes / Foto: Conny Wantz)
D'Kanner aus dem Cycle 3 hunn d'lëscht Joer eng eegen Geschicht geschriwwen aus der si een super flott Buch gestallt hunn.
Den 20. Februar war d'Scheckiwwerreechung vun 900€ un d' "ASA-Assistenzhënn" vun dësem Verkaf
MERCI un jiddereen den ee Buch kaaft huet an si domat ënnerstëtzt huet, ouni iech fir dëss Zomme net zu stanen komm